Iwwert dës Websäit

Editeur

Dir sidd um Portal vun der lëtzebuergescher Regierung.

D'Zil vum Portal ass d'Verbreedung vun Informatiounen iwwert d'Aktivitéite vun der Regierung. Ausserdeem ass et d'Zougangsportal zu den institutionelle Websäite vun der Regierung.

Den Editeur ass den Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (Service information et presse du gouvernement, SIP).

D'Portal gouf mat Hëllef vum Zenter fir Informatiounstechnologien (Centre des technologies de l'information et l'Etat, CTIE) ëmgesat.

Bei Froen iwwert dëst Portal a säin Inhalt benotzt w.e.g. de Kontaktformulaire.

Rechtlech Hiwäiser an Informatiounen iwwert den Hosting vun dëser Websäit fannt Dir op der Säit rechtlech Aspekter.

Qualitéit

Et ass besonnesch dorop opgepasst ginn, en zefriddestellende Qualitéits- an Accessibilitéitsniveau ze garantéieren. Dëst Portal gëtt no den Empfeelunge vum Bezuchsmodell Renow (Bezuchsmodell vun der Website-Normalisatioun vun der lëtzebuergescher Regierung) entwéckelt.

Accessibilitéitserklärung

D'lëtzebuergesch Regierung verfollegt d'Zil, enger méiglechst grousser Unzuel vu Benotzer seng Internetsäiten zougänglech ze maachen. Méi Informatiounen iwwert eis Accessibilitéitspolitik fannt Dir op der Säit renow.public.lu (op Franséisch)

Dëst Portal baséiert op dëse Prinzipien a mir engagéieren eis, d'Disponibilitéit vum Inhalt ze verbesseren, fir datt kee vum Zougang zu den Informatiounen op dëser Säit ausgeschloss gëtt. Falls Dir Problemer mam Zougang zu Informatiounen hutt, kontaktéiert w.e.g. d'Equipe vu Renow.

Aktualiséiert