Den Archiv

De Lëtzebuerger Nationalarchiv spillt eng Haaptroll fir d'Erhalen an d'Kommunikatioun vun den ëffentlechen a privaten Archiven souwéi fir d'Informatiounsverwaltung am Staat. Dës Aarbecht ass noutwendeg fir d'Erhale vum nationalen Undenken, fir eng méi transparent a méi demokratesch Gesellschaft a fir d'gutt Fonctionnement vun den ëffentlechen Organisatounen.

De Lëtzebuerger Nationalarchiv mécht d'kollektiv an individuell Memoire vum Lëtzebuerger Land  fir Bierger a Fuerscher zougänglech. Doduerch dréit en zu der administrativer Transparenz bäi an erméiglecht Bierger hiert Informatiounsrecht revendiquéieren ze kënnen.

D'Missioune vum Nationalarchiv sinn d'Sammlung an d'Usammlung vun all den Dokumenter vun nationalem historeschem, wëssenschaftlechem, wirtschaftlechem, sozialem a kulturellem Interessien. Den Nationalarchiv erhält, klasséiert, katalogiséiert a studéiert ëffentlech a privat Archiven, déi fir historesch an administrativ Zwecker genotzt kënne ginn. E berot Staatsverwaltungen a Gemengen esou wéi privat Organisatiounen iwwert d'Erhalen an d'Klasséiere vun hiren Archiven, wann déi dat ufroen. Dozou geréiert en d'Relatioune mat den Administratiounen an ëffentleche Servicer souwéi mat de privaten Organisatiounen, déi hir Archiven deponéieren.

Duerch temporär Ausstellungen, Visite-guidéeën, pedagogesch Workshoppen a Paläografie-Coursen, gëtt den Nationalarchiv der Ëffentlechkeet d'Méiglechkeet, direkt a Kontakt mam schrëftleche Patrimoine vum Lëtzebuerger Land ze sinn.  Zanter e puer Joren féiert en och eng aktiv Politik am Beräich vum Digitaliséiere vu sengen Dokumenter. Dës Efforte maachen den Zougang zum historesche Patrimoine méi einfach fir d'Ëffentlechkeet a vermeiden, datt d'original Dokumenter wéinst regelméissege physesche Consultatioune verschlechtert ginn.

Den Nationalarchiv erhält 45 Linearkilometer vun Archivdokumenter an 33.000 Mikrofilmer, déi an 12 Fonggruppen zesummegeluecht sinn:

  • Al Fongen (762-1795)
  • Modern Fongen (1795-1880)
  •  Fonge vun de Ministèren, Administratiounen an ëffentlechen Institutiounen
  • Fonge vu Geriichtshäff a Geriichter (ab 1795)
  • Fonge vu legislativen Institutiounen
  • Notariell Archiven (ab 1606)
  • Fonge vun de Veräiner, politesche Parteien a Reliounsgemeinschaften
  • Fonge vu Betriber
  • Fonge vu Privatpersounen a private Familljen
  • Fonge vun internationalen Organisatiounen
  • Sammlungen (Kaarten, Pläng, Fotoen, Postkaarten)
  • Zeitungen, Zäitschrëften an ëffentlech Publikatiounen

Zanter 1968 befënnt sech den Nationalarchiv an der aler Kasär um Hellege-Geescht-Plateau an der Stad Lëtzebuerg. En huet en Depot an engem Deel vun der Déifgarage vum Hellege-Geescht-Plateau souwéi an der Industrie-Zon zu Bartreng/Bourmicht an am Keller vum Stater Kolléisch.

Aktualiséiert