Konferenz vum Charel Barthel zum Thema "D’Lëtzebuerger Rout Kräiz am Krich" (27.11.2014)

©ANLux
"D’Lëtzebuerger Rout Kräiz am Krich" - Collection ANLux

Den Nationalarchiv an d’ALEH (Association luxembourgeoise des enseignants d’histoire) invitéieren op eng Konferenz vum Charel Barthel zum Thema "D’Lëtzebuerger Rout Kräiz am Krich".

Dräi Mol huet d’Lëtzebuerger Rout Kräiz an de Konflikter tëscht onsen Nopere spontan seng humanitär Hëllef ugebueden. All Kéier – am däitsch-franséische Krich vun 1870/71, esou wuel wéi während de béide Weltkricher – ass dësen humanitären Asaz fir déi verwonnt Zaldote vu béide verfeindete Parteien allerdéngs zimlech schlecht belount ginn.

A senger Konferenz am Kader vum "honnertste" Gebuertsdag vum nationale Roude Kräiz, mécht de Charel Barthel, Direkter vum Centre d‘études et de recherches européennes Robert Schuman, en interessante Verglach tëscht dräi Episoden ëm d’Beméie vun engem neutrale Land a sengem pazifistesche Vollek fir déi gutt Saach.

Dës Konferenz ass op Lëtzebuergesch a fënnt donneschdes, de 27. November 2014 ëm 18.30 Auer am Nationalarchiv, Helleg-Geescht-Plateau zu Lëtzebuerg, statt.

Communiqué par les Archives nationales

Dernière mise à jour